Op den Inhalt sprangen

Dokter

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Dokter an der Medezin. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Dokter (Homonymie).
Eng Doktesch auskultéiert e Patient.

En Dokter, respektiv eng Doktesch, ass d'Beruffsbezeechnung fir eng Persoun, déi fir d'Diagnos, d'Behandlung an d'Preventioun vu Krankheeten a Verletzunge bei Patiente verantwortlech ass. Doktere schaffen a verschiddene Beräicher vum Gesondheetswiesen, dorënner a Spideeler, Klinicken, Praxissen, Fuerschungsariichtungen an ëffentleche Gesondheetsdéngschter. Si hunn d'Aufgab, de Gesondheetszoustand vun hire Patienten ze beurteelen, Therapien a Behandlungen zu verschreiwen a Patienten an hir Familljememberen zu Gesondheetsfroen ze beroden.

D'Ausbildung zum Dokter geschitt iwwer e Studium an der Medezin op enger Universitéit, dat d'Grondlage vun der Medezin wéi Anatomie, Physiologie a Biochimie ëmfaasst, an donieft och nach klinesche Fächer wéi Chirurgie, Médecine interne a Pediatrie. Nom Studium kënnt eng Spezialiséierung iwwer e puer Joer (Assistenzzäit), an där déi zukünfteg Dokteren an hirem gewielte Fachberäich praktesch Erfarung sammelen a sech weider spezialiséieren. Zu Lëtzebuerg ass et net méiglech, eng komplett Ausbildung als Dokter ofzeschléissen. D'Universitéit Lëtzebuerg bitt nëmmen déi éischt dräi Joer un, de Rescht vun hirem Studium mussen d'Studenten am Ausland ofschléissen.[1]

Doktere kënnen a verschiddene Fachrichtungen schaffen, dorënner der Allgemengmedizin, der Chirurgie, der Kardiologie, der Neurologie, der Pediatrie, der Psychiatrie a ville weideren. Si schaffen enk mat anerem medezinesche Fachpersonal zesummen, wéi zum Beispill den Infirmieren, fir eng ëmfaassend a koordinéiert Versuergung vun hire Patienten ze garantéieren.

De Beruff vum Dokter erfuerdert vill Fachwëssen, Empathie a Verantwortungsbewosstsinn. Doktere spillen eng zentral Roll am Gesondheetswiesen, andeem si zum Erhalen an dem Retablissement vun der Gesondheet vun der Bevëlkerung bäidroen.

D'Association luxembourgeoise des étudiants en médecine (ALEM) ass d'Vereenegung vun de lëtzebuergesche Medezinsstudenten.[2] D'Association des médecins et médecins-dentistes (AMMD) ass déi gréisst Vereenegung vun den Dokteren am Land.[3]

Spezialisatiounen

[änneren | Quelltext änneren]

Zu de Spezialiséierten Dokteren zielen ënner anerem:

Commons: Dokteren – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. uni.lu: Bachelor en Médecine
  2. www.alm.lu
  3. www.ammd.lu